Wikiversity
Inhalter
François Hentges | |
---|---|
Gebuer |
1. Juni 1885 Bouneweg |
Gestuerwen |
1. Abrëll 1968 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Turner |
Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 1912 |
Famill | |
Papp | Pierre Hentges |
Geschwëster | Pierre Hentges |
De François Hentges, gebuer zu Bouneweg den 1. Juni 1885, a gestuerwen den 1. Abrëll 1968 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Turner deen op den Olympesche Summerspiller 1912 zu Stockholm an der Lëtzebuerger Turnekipp mat ugetrueden ass.[1]
D'Ekipp gouf am europäesche System déi véiert an am fräie System déi fënneft. Am Eenzel gouf hien den dräianzwanzegsten.
Op der Weltmeeschterschaft 1903 zu Antwerpen krut hie mat 20.000 Punkten um Barren eng Goldmedail. Am Klassement vun den Ekippen, goufen d'Lëtzebuerger déi drëtt.
Kuckt och
- Portal Sport
- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympionicken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
Um Spaweck
Lëtzebuerger Turner op den Olympesche Spiller 1912 | ||
Nicolas Adam - Charles Behm - André Bordang - Jean-Pierre Frantzen - Michel Hemmerling - François Hentges - Pierre Hentges - Jean-Baptiste Horn - Nicolas Kanivé - Émile Knepper - Nicolas Kummer - Marcel Langsam - Emile Lanners - Maurice Palgen - Jean-Pierre Thommes - François Wagner - Antoine Wehrer - Ferdinand Wirtz - Joseph Zuang |
Lëtzebuerger Turner op der Weltmeeschterschaft 1903 zu Antwerpen |
André Bordang - Antoine Bordang - Paul Fournelle - François Hentges - Albert Kayser - Theodore Kimmes - Nicolas Kummer - Jean Lacaff - Martin Müller |