LIMSwiki
Inhalter
Dëse Geographiesartikel zum Marokko ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
المملكة المغربية al-Mamlaka al-Maghribīya | |||||
| |||||
National Devise: الله، الوطن، الملك ("Gott, Land, Kinnek") | |||||
Offiziell Sprooch: | Arabesch, Genormt marokkanesch berberesch | ||||
Haaptstad: | Rabat | ||||
Staatsform: | Konstitutionell Monarchie | ||||
• Kinnek: | Mohammed VI. | ||||
• Premierminister: | Aziz Akhannouch | ||||
Fläch: | 446 550[1] km² | ||||
• Dovu Waasser: | 2,8 % | ||||
Bevëlkerung: | 29 680 069[2] | ||||
• Bevëlkerungsdicht: | 66,47/km² | ||||
Onofhängegkeet: | vu Frankräich a Spuenien, den 2. Mäerz 1956 | ||||
Nationalfeierdag: | 30. Juli | ||||
Nationalhymn: | Hymne Chérifien (Lauschteren) | ||||
Wärung: | Marokkanesch Dirham | ||||
Zäitzon: | UTC +0 | ||||
Internet TLD: | .ma | ||||
Internationalen Telefonsprefix: |
+212 | ||||
D'Kinnekräich Marokko (arab.: المملكة المغربية, berberesch: ⵜⴰⴳⵍⴷⵉⵜ ⵏ ⵍⵎⵖⵔⵉⴱ) ass e Staat am Nordweste vun Afrika. Marokko, dat zum Maghreb gehéiert, huet am Norde Küst zum Mëttelmier. D'Strooss vu Gibraltar, d'Mierenkt tëscht Spuenien a Marokko, ass plazeweis just eng 14 km breet an trennt den europäesche vum afrikanesche Kontinent. Am Weste grenzt d'Land un den Atlanteschen Ozean, am Osten a Südosten un Algerien.
D'Staatsgrenz am Süden ass zanter dem Westsaharakonflikt international ëmstridden. Marrokko kontrolléiert bis dato ronn zwee Drëttel vum Territoire vun der Westsahara. Sou ginn a Marokko Kaarte gebraucht, déi keng Demarkatiounslinn tëscht Marokko an der Westsahara setzen, mä eréischt do, wou Mauretanien ugeet. Eng politesch Léisung fir den zukënftege Status vum Gebitt konnt bis ewell nach net fonnt ginn. Eng vun den direkte Konsequenze war, datt Marokko als eenzegt afrikanescht Land net-Member vun der Afrikanescher Unioun bis 2017 war.
D'Haaptstad vu Marokko ass Rabat. Casablanca, mat 3 359 818 Awunner, ass déi gréisst Stad vum Land.
Um Spaweck
Commons: Marokko – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (fr) (en) www.maroc.ma Offizielt Marokko Portal
- (fr) Site vum marokanesche Parlament
Referenzen an Notten
- ↑ Fläch ouni d'Westsahara (Vereent Natiounen 2004)
- ↑ Lescht Vollekszielung den 1. September 2004 (via UNO)