LIMSpec Wiki
Inhalter
Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Partei fir Integral Demokratie | |
---|---|
Ofkierzung | PID |
President | Christian Isekin |
Parteispriecherin | Jean Colombera |
Generalsekretär | Renée Filbig |
Tresorière | Angela Molitor |
Gegrënnt | Juni 2013 |
Parteizentral |
70, rue Baudouin L-1218 Lëtzebuerg |
Faarwen | Orange a Schwaarz |
Websäit | http://pid4you.lu |
D'Partei fir Integral Demokratie (PID) ass eng lëtzebuergesch politesch Partei, déi am Juni 2013 vum Jean Colombera (mat)gegrënnt gouf.[1]
Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 huet si eng éischt Kéier, an alle 4 Walbezierker, fir Sëtz am nationale Parlament kandidéiert. Si huet awer kee kritt. Och d'Matmaache bei den Europawalen 2014 huet net genuch Stëmme fir e Sëtz bruecht.
Bei de Gemengewale vum 8. Oktober 2017 huet d'PID keng Kandidaten opgesat.[2]
Fir d'Chamberwale vum 14. Oktober 2018 huet d'PiD zesumme mat der Piratepartei Lëtzebuerg op där hirer Lëscht kandidéiert.[3]
Presidenten
- 2013-2017: Jean Colombera
- August-Oktober 2017: Serge Jochheim[4]
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ "De Jean Colombera huet eng nei Partei gegrënnt." RTL.lu - 20.06.2013, 06:14 | Fir d'lescht aktualiséiert: 20.06.2013, 06:20.
- ↑ "D'PID geet net mat an d'Gemengewahlen." 100komma7.lu, 13. Jul 2017 - 11:37.
- ↑ "Piratepartei a PID ginn zesummen an d'Walen." rtl.lu, 23.03.2018, 11:21:38.
- ↑ "PID - Demissioun vum President Serge Jochheim." 100komma7.lu, 19. Okt 2017 - 15:26.