LIMSpec Wiki
Inhalter
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Lýðveldið Ísland | |||||
| |||||
National Devise: keng | |||||
Offiziell Sprooch: | Islännesch | ||||
Haaptstad: | Reykjavík | ||||
• Awunner: | 117 898 (3. Abrëll 2008) | ||||
• Koordinaten: | 64°08'N, 21°56'W | ||||
Staatsform: | parlamentaresch Republik | ||||
• Presidentin: | Halla Tómasdóttir | ||||
• Premierminister: | Bjarni Benediktsson | ||||
Fläch: | 103 000 km² (104.) | ||||
• Dovu Waasser: | 2,7 % % | ||||
Bevëlkerung: | 313 376 (1. Januar 2008) (169.) | ||||
• Bevëlkerungsdicht: | 2,9/km² | ||||
Nationalfeierdag: | 17. Juni | ||||
Nationalhymn: | Ó Guð Vors Lands Lauschtert | ||||
Wärung: | Islännesch Kroun (ISK) | ||||
Zäitzon: | UTC +0 | ||||
Internet TLD: | .is | ||||
Internationalen Telefonsprefix: |
+354 | ||||
Island ass en Inselstaat am Norde vum europäesche Kontinent, an no England deen zweetgréissten Inselstaat vun Europa.
Island läit am Nordatlantik a bësse südlech vum nërdleche Polarkrees.
Geographie
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Geschicht
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Politik
Island gouf den 1. Januar 1918 souverän, blouf awer a Personalunioun mat der dänescher Kroun. De 17. Juni 1944 huet et déi Unioun gekënnegt an d'Republik ausgeruff. Am Parlament, dem Althing, sinn 63 Deputéiert. All véier Joer gëtt gewielt.
Island hat besonnesch staark ënner der Finanzkris 2007/2008 ze leiden. An deem Zesummenhank war och d'Demande ze gesinn, der Europäescher Unioun bäizetrieden, déi de 16. Juli 2009 vum Althing guttgeheescht gouf. Am Mee 2013 huet déi nei konservativ-liberal Regierung ënner dem Premier Sigmundur Gunnlaugsson ugekënnegt, d'Bäitrëttsverhandlungen ze stoppen an e Referendum z'organiséieren, ob d'Bevëlkerung fir e Bäitrëtt wier. Den 12. Mäerz 2015 huet d'Parlament decidéiert, d'Demande op EU-Memberschaft zeréckzezéien. E Referendum gouf et bis ewell nach keen.
Bevëlkerung
Dem Statistesche Büro vun Island no[1] hunn den 3. Abrëll 2008 313.376 Leit op der Insel gelieft, dovu waren der 291.942 Islänner.
Am Géigesaz zu villen anere westleche Staaten ass d'Bevëlkerungszuel an Island, wéi och zu Lëtzebuerg, an de leschte Joren ëmmer méi grouss ginn, an an de leschte 5 Joer ass déi souguer nach méi séier eropgaangen. Den Trend gëtt ënnerstëtzt duerch den Ustig vum Auslännerundeel, dee sech selwer duerchschnëttlech ëm zirka 1,5 % all Joer tëscht 1950–1990 an ëm 3,5 % am Joer 2003 vergréissert huet.
2008 si 6,83 Prozent vun der islännescher Bevëlkerung Auslänner. Et sinn dat ënner anerem 2,7 % Polen, 0,3 % Dänen, 0,2 % Philippinoen a 0,3 Däitscher.
Stied
Eng 93 % vun der Bevëlkerung lieft a Stied. Déi gréisst sinn:
- Reykjavík: 117.898 Awunner[1]
- Kópavogur: 28.665 Awunner[1]
- Hafnarfjörður: 24.895 Awunner[1]
- Akureyri: 17.278 Awunner[1]
- Reykjanesbær: 13.282 Awunner[1]
- Garðabær: 9.931 Awunner[1]
D'Awunnerzuel bezitt sech jeeweils op den 3. Abrëll 2008 an déi ganz Gemeng (Municipality)
Kuckeswäertes
- d'Haaptstad Reykjavík;
- Akureyri, déi véiertgréisst Stad an Island, mam Myvatn (Méckeséi) an dem Goðafoss (Gëtterwaasserfall);
- d'Hallefinsel Reykjanes mat der Bláa Lonið (Blo Lagun), engem Thermalbad, gespeist vum waarme Waasser aus der Geothermescher Statioun ;
- Þingvellir, den traditionelle Versammlungsuert vum Althing, gouf 1928 Nationalpark an ass 2004 als Weltkulturierwen erkläert ginn;
- Gullfoss (gëllene Waasserfall);
- Haukadalur mat senge Geysiren (de bekanntste Geysir ass de Strokkur);
- Vatnajökull, dee gréisste Gletscher an Europa mat 8.100 km², ronn 8 % vun Island, mat sengem Gletscherséi Jökulsárlón;
- Vestmannaeyjar, eng Inselgrupp mat vulkanaartegem Ursprong am Süde vun Island.
- LENGI LIFI ÍSLENSKA HEIMSVELDIÐ
Um Spaweck
Commons: Island – Biller, Videoen oder Audiodateien |