LIMSpec Wiki

Linken derbäisetzen
Fred Serres
Gebuer 18. Mee 1952
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Boxer

De Fred Serres, gebuer den 18. Mee 1952 ass e fréiere lëtzebuergesche Boxer. Hie war vun 1974 bis 1977 lëtzebuergesche Landesmeeschter am Hallefschwéier- respektiv Schwéiergewiicht.

Vun 1977 bis 1983 war hie professionelle Boxer an huet e puermol fir den Europameeschtertitel geboxt. Déi zwéi wichtegst Matcher dobäi ware géint den Hollänner Rudi Koopmans fir den Europameeschtertitel am Hallefschwéiergewiicht, déi hien allen zwéi verluer hat. Hien hat a senger Karriär 22 international Matcher geboxt, dovu 17 gewonnen, a 5 verluer.

De Fred war de Bouf vum Jeng Serres, deen och geboxt huet.

International Matcher

Datum Géigner Plaz Resultat
10. November 1983 ESPESP Emilio Garcia Esch-Uelzecht Gewonnen no Punkten
25. November 1982 FRAFRA Richard Caramanolis Marseille Verluer no Punkten
12. Februar 1982 GBRGBR Bonny McKenzie Déifferdeng Gewonnen no Punkten
5. Oktober 1981 NEDNED Rudi Koopmans Rotterdam Verluer KO.
11. Mee 1981 USAUSA John Robinson Esch-Uelzecht Gewonnen TKO
11. Abrëll 1981 USAUSA Fred Brown Déifferdeng Gewonnen no Punkten
27. Februar 1981 ARGARG Avenamar Peralta Déifferdeng Gewonnen no Punkten
5. Dezember 1980 ITAITA Lino Lemma Déifferdeng Gewonnen no Punkten
11. Juli 1980 NEDNED Rudi Koopmans Déifferdeng Verluer no Punkten
28. Mäerz 1980 EGYEGY Mandu Refait Déifferdeng Gewonnen TKO
28. Februar 1980 NEDNED Mandu Refait Déifferdeng Verluer no Punkten
14. Januar 1980 CODCOD Mustapha Kabangu Esch-Uelzecht Gewonnen no Punkten
29. Oktober 1979 SLOSLO Joze Centa Déifferdeng Gewonnen TKO
12. Oktober 1979 CMRCMR Louis Pergaud Roum Verluer TKO
2. Juli 1979 BELBEL Salmin Boutera Esch-Uelzecht Gewonne KO
26. Februar 1979 CIVCIV Etienne Bayadikilla Esch-Uelzecht Gewonnen no Punkten
22. Januar 1979 GERGER Karl Heinz Schulz Esch-Uelzecht Gewonnen TKO
25. Dezember 1978 GERGER Horst Lang Esch-Uelzecht Gewonnen no Punkten
15. Dezember 1978 GERGER Hans Michel Asbach Rh.-P. Gewonne KO
8. Mee 1978 BELBEL Eric Seys Esch-Uelzecht Gewonnen no Punkten
10. Abrëll 1978 DZADZA Mohammed Torch Esch-Uelzecht Gewonnen no Punkten
10. Mäerz 1978 SLOSLO Darko Barakovic Esch-Uelzecht Gewonnen no Punkten

Kuckt och