LabLynx Wiki
Inhalter
Ausgesinn
<< | Mäerz | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | ||||
4 | 5 | 6 | 7 | 8 | 9 | 10 |
11 | 12 | 13 | 14 | 15 | 16 | 17 |
18 | 19 | 20 | 21 | 22 | 23 | 24 |
25 | 26 | 27 | 28 | 29 | 30 | 31 |
2024 |
Den 21. Mäerz ass den 80. Dag vum Joer (81. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
- 1790: Frankräich: D'Gabelle (Salzsteier) gëtt ofgeschaaft.
- 1804: De Code Napoléon trëtt a Frankräich a Kraaft.
- 1871: Den Otto von Bismarck gëtt däitsche Reichskanzler.
- 1935: Persie gëtt an Iran ëmgenannt.
- 1960: Bei enger Manifestatioun géint d'Apartheid kënnt et a Südafrika zum Massaker vu Sharpeville, bei deem 69 Mënsche vun der Police erschoss ginn.
- 1990: Namibia gëtt vu Südafrika onofhängeg.
- 1999: De Paavo Lipponen gëtt op en Neits finnesche Ministerpresident.
Sport
- 1937: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 2:3 géint Däitschland. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn den Oscar Stamet a Gusty Kemp geschoss.[1]
Gebuer
-
Joseph Fournier
-
Johann Sebastian Bach
-
Modest Mussorgski
-
Eugène Ruppert
-
Hans-Dietrich Genscher
-
Solomon Burke
- 1768: Joseph Fourier, franséische Mathematiker.
- 1777: Jean-François Doutreloux, Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg.
- 1685: Johann Sebastian Bach, däitsche Komponist.
- 1763: Jean Paul, däitschen Dichter a Schrëftsteller.
- 1839: Modest Petrowitsch Mussorgski, russesche Komponist.
- 1864: Eugène Ruppert, Lëtzebuerger Ingenieur.
- 1866: Antonia Maury, US-amerikanesch Astronomin.
- 1876: Samuel Fuchs, Groussrabbiner zu Lëtzebuerg
- 1887: Léon Daum, franséischen Industriellen.
- 1891: Joseph Keup, lëtzebuergesche Paschtouer an Dichter.
- 1893: Armand Bernard, franséische Schauspiller.
- 1904: Max Steenbeck, däitsche Physiker.
- 1902: Gustav Fröhlich, däitsche Schauspiller.
- 1912: Josy Mersch,Lëtzebuerger Vëlossportler.
- 1920: Éric Rohmer, franséische Film- an Theaterregisseur.
- 1922: Russ Meyer, US-amerikanesche Regisseur.
- 1925: Hugo Koblet, Schwäizer Vëlossportler.
- 1926: André Delvaux, belsche Filmregisseur.
- 1926: Henri Dillenburg, lëtzebuergesche Moler.
- 1926: Heikki Hasu, finnesche Schileefer an Olympionik.
- 1927: Hans-Dietrich Genscher, däitsche Politiker.
- 1927: Halton Arp, US-amerikaneschen Astronom.
- 1928: Luigi Magni, italieeneschen Dréibuchauteur a Filmregisseur.
- 1929: Robert Lebeck, däitsche Fotojournalist.
- 1935: Charles Lettal, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1940: Solomon Burke, amerikanesche Museker.
- 1942: Françoise Dorléac, franséisch Schauspillerin.
- 1942: Ali Abdullah Salih, jemenittesche Politiker.
- 1944: Marie-Christine Barrault, franséisch Schauspillerin.
- 1944: Gila von Weitershausen, däitsch Schauspillerin.
- 1946: Timothy Dalton, walisesche Schauspiller
- 1950: Sergei Wiktorowitsch Lawrow, russesche Politiker.
- 1952: Christophe Malavoy, franséische Schauspiller.
- 1966: Benito Armando Archundia, mexikanesche Foussballschidsriichter.
- 1971: Christine Schiltz, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 1976: Héloïse Bock, lëtzebuergesch Affekotin a Member vum Staatsrot.
- 1982: Rosangela Settanni, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- 1984: Paul Mannon, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1985: Claire Lademacher, d'Fra vum Felix vu Lëtzebuerg.
- 1991: Antoine Griezmann, franséische Foussballspiller.
Gestuerwen
- 1324: Marie vu Lëtzebuerg, Duechter vum Heinrich VII., Fra vum franséische Kinnek Charles IV.
- 1762: Nicolas Louis de Lacaille franséischen Astronom a Mathematiker.
- 1871: Pierre Biwer, lëtzebuergeschen Architekt.
- 1892: Annibale de Gasparis, italieeneschen Astronom.
- 1907: Nicolas Leonardy, lëtzebuergesche Geeschtlechen an Auteur.
- 1910: Nadar, franséische Fotograf, Schrëftsteller, Zeechner a Loftschëffkapitän.
- 1927: Alphonse Eichhorn, lëtzebuergeschen Nottär a Politiker.
- 1928: Edward Walter Maunder, britteschen Astronom a Bibelfuerscher.
- 1939: Evald Aav, estesche Sänger, Komponist a Chouerdirigent.
- 1945: Willy Wenkin, lëtzebuergesche Resistenzler.
- 1971: Emile Molling, lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Ornitholog.
- 1985: Michael Redgrave, englesche Schauspiller an Auteur.
- 1994: Macdonald Carey, US-amerikaesche Schauspiller.
- 1989: Fernand Schons, lëtzebuergesche Wënzer a Moler.
- 2004: Jos Durlet, lëtzebuergesche Journalist an Auteur.
- 2022: Eva-Ingeborg Scholz, däitsch Schauspillerin.
- 2024: Frédéric Mitterrand, franséische Politiker, Filmregisseur a Schauspiller.
Feierdeeg
Um Spaweck
Commons: 21. Mäerz – Biller, Videoen oder Audiodateien |