Männlech erwuesse Polarbieren erreechen an der Moyenne eng Kapp-Romp-Längt vun 2,40 bis 2,60 Meter, an Eenzelfäll souguer bis 3,40 Meter; d'Schëllerhéicht ka bis zu 1,60 m sinn. D'Gewiicht variéiert tëscht 300 an 800 (am Duerchschnëtt 420 bis 500) kg. D'Gewiicht hänkt vill vum Ernierungszoustand vum Déier of: am Summer weien auserhéngert Äisbieren däitlech manner wéi wärend der Robbejuegd am Wanter.
De gielzeg-wäisse Pelz ass am äisegen Ëmfeld e gudde Camouflage. En ass och nach ganz dicht, ueleg- a waasserofweissend. Erwuesse Polarbieren hunn eng 5 bis 10 cm déck Fettcouche ënner dem Pelz. Déi baussenzeg Pelzhoer vum Äisbier sinn huel, wat zousätzlech fir eng exzellent thermesch Isolatioun suergt... > méi
… 1946 an der franséischer Regierung vum Georges Bidault gläich zwéi Regierungsmembere waren, déi zu Lëtzebuerg gebuer waren, nämlech d'Andrée Viénot an de Robert Schuman?
... vun der 1. Oplo vum Michel Rodange sengem Renert no 30 Joer just 313 Exemplairë verkaaft gi waren?
... de lëtzebuergesch-belsche Botaniker Jean Linden (1817-1898) mat deen éischte war, deen an Europa Orchideeë geziicht huet an dës am grousse Stil kommerzialiséiert huet?