The US FDA’s proposed rule on laboratory-developed tests: Impacts on clinical laboratory testing
Inhalter
Ausgesinn
<< | Februar | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | 4 | |||
5 | 6 | 7 | 8 | 9 | 10 | 11 |
12 | 13 | 14 | 15 | 16 | 17 | 18 |
19 | 20 | 21 | 22 | 23 | 24 | 25 |
26 | 27 | 28 | 29 | |||
2024 |
Den 11. Februar ass den 42. Dag vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
- 1919: De Friedrich Ebert gëtt zum éischten däitsche Räichspresident gewielt.
- 1929: Italien an den Hellege Stull ënnerschreiwen de Lateran-Traité, mat deem de Vatikan eng souverän Enklav bannent Italie gëtt.
- 1945: D'USA, Groussbritannien, Frankräich an d'Sowjetunioun ënnerschreiwen d'Deklaratioun vu Jalta.
- 1990: De südafrikaneschen Apartheids-Géigner (a spéidere Staatspresident) Nelson Mandela gëtt no 28 Joer aus dem Prisong entlooss.
Sport
- 1972: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zu Oochen 2:2 géint Däitschland. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Gilbert Dussier a Jean-Paul Martin geschoss.[1]
Gebuer
-
Thomas Edison
-
Edouard Luja
-
Faruq
-
Paul Bocuse
-
Leslie Nielsen
-
Burt Reynolds
- 1825: Pierre Notting, lëtzebuergesche Rousenziichter.
- 1843: Léon Barbanson, belschen Offizéier a Geschäftsmann.
- 1847: Thomas Alva Edison, US-amerikaneschen Erfinder an Ingenieur.
- 1853: Leopold van Werveke, lëtzebuergesch-däitsche-Geolog.
- 1875: Edouard Luja, lëtzebuergesche Biolog, Fuerscher an Entdeckungsreesenden.
- 1888: Hanns Schwarz, éisträichesche Filmregisseur.
- 1892: Albert Kaiser, lëtzebuergesche Moler, Graveur a Gewerkschaftler.
- 1909: Joseph L. Mankiewicz, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 1911: Carl Keenan Seyfert, US-amerikaneschen Astronom.
- 1920: Faruq, Kinnek vun Egypten.
- 1925: Horst Bollmann, däitsche Schauspiller.
- 1926: Paul Bocuse, franséische Chefkach.
- 1926: Leslie Nielsen, kanadesch-US-amerikanesche Schauspiller.
- 1927: Dieter Eppler, däitsche Schauspiller.
- 1928: Gotthilf Fischer, däitsche Chouer-Leeder.
- 1932: Roger Theisen, lëtzebuergesche Fechter.
- 1936: Burt Reynolds, US-amerikanesche Schauspiller, Filmregisseur a Filmproduzent
- 1938: Manuel Noriega, panamaeschen Offizéier a Politiker.
- 1941: Sérgio Mendes, brasilianesche Museker a Komponist.
- 1945: Harley Cokeliss, US-amerikanesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Filmproduzent.
- 1947: Yukio Hatoyama, japanesche Politiker.
- 1956: Didier Lockwood, franséischen Jazz-Violonist.
- 1964: Adrian Hasler, liechtensteinesche Politiker.:
- 1972: Carel Zuidberg, lëtzebuergesche Volleyballarbitter a Volleyballspiller.
- 1977: Mike Shinoda, Rapper vun der Band Linkin Park.
- 1986: Gabriel Boric, chileenesche Politiker a Staatspresident.
- 1987: Ellen van Dijk, hollännesch Vëlossportlerin.
- 1988: Chantal Gary, lëtzebuergesch Politikerin.
- 1988: Martin Müller, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 1990: Marcus Eriksson, lëtzebuergeschen Äishockeyspiller.
- 1992: Taylor Lautner, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1998: Luca Duriatti, lëtzebuergesche Foussballspiller.
Gestuerwen
- 1617: Giovanni Antonio Magini, italieeneschen Astronom a Mathematiker.
- 1650: René Descartes, Philosoph, Mathematiker an Naturwëssenschaftler.
- 1759: Carl Michael Bellman, schweedeschen Dichter.
- 1850: Hugo Jacob Talbot, preiseschen Industriellen.
- 1868: Jean Bernard Léon Foucault, franséische Physiker.
- 1871: Gaspard Théodore Ignace de la Fontaine, lëtzebuergesche Premierminister.
- 1879: Honoré Daumier, franséische Moler, Sculpteur, Karikaturist a Lithograph.
- 1887: François Birong, lëtzebuergesche Moler.
- 1887: François Laurent, lëtzebuergesche Jurist.
- 1907: Martin Klein, lëtzebuergeschen Dokter.
- 1925: Aristide Bruant, franséische Chansonnier.
- 1931: Jean Philippe Wagner, lëtzebuergesche Schoulmeeschter a Professer.
- 1945: Azeglio Bemporad, italieeneschen Astronom.
- 1948: Sergei Michailowitsch Eisenstein, sowjetescher Regisseur.
- 1949: Axel Munthe, schweedeschen Dokter a Schrëftsteller.
- 1954: Thomas Pierrepoint, brittesche Schaarfriichter.
- 1960: Victor Klemperer, Schrëftsteller a Literaturwëssenschaftler.
- 1964: Florentin Antony, lëtzebuergeschen Dokter a Politiker.
- 1964: Pierre Schaul, lëtzebuergesche Refractaire a Resistenzler.
- 1965: Robert Serebrenik, Groussrabbiner vu Lëtzebuerg.
- 1971: Dominique Steichen, lëtzebuergesche Politiker.
- 1976: Lee J. Cobb, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1985: Henry Hathaway, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 1998: Jean Igel, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 1999: Maggy Stein, lëtzebuergesch Sculptrice.
- 2000: Roger Vadim, franséische Filmregisseur.
- 2002: Barry Foster, brittesche Schauspiller.
- 2003: Daniel Toscan du Plantier, franséische Filmproduzent.
- 2008: Tom Lantos, US-amerikanesche Politiker.
- 2009: Yvonne Useldinger, lëtzebuergesch Politikerin, Resistenzlerin a Fraerechtlerin.
- 2012: Whitney Houston, US-amerikanesch Sängerin a Schauspillerin.
- 2015: Roger Hanin, franséische Schauspiller a Regisseur.
- 2019: Alix vu Lëtzebuerg, Duechter vun der Groussherzogin Charlotte an dem Prënz Felix.
- 2020: Claire Bretécher, franséisch Comicszeechnerin an -auteurin.
- 2023: Hans Modrow, däitsche Politiker.
- 2024: Kelvin Kiptum, kenianesche Laangstreckeleefer.
- 2024:Georges Theves, lëtzebuergesche Veterinär an Auteur.
Feierdeeg
Um Spaweck
Commons: 11. Februar – Biller, Videoen oder Audiodateien |