Search for LIMS content across all our Wiki Knowledge Bases.
Type a search term to find related articles by LIMS subject matter experts gathered from the most trusted and dynamic collaboration tools in the laboratory informatics industry.
Fir eng eenheetlech Approche ze hunn a fir Diskussiounen an Eenzelfäll iwwerflësseg ze maachen ass hei eng Lëscht vun de gängege Relevanzkrittären op dëser Wikipedia.
„Relevant“ bei Persounen ass keng Wäertung vun hire perséinleche Meritten u sech, mä e Katalog vu eenheetlechen, objektive Krittären, déi determinéieren, wat oder wien an dëser Enzyklopedie eng Plaz huet, a wat/wien net.
Persounen aus Lëtzebuerg
Architekten
En Architekturpräis gewonnen hunn (Bauhärepräis, ...)
Op d'mannst 3 notabel Gebaier entworf hunn (deemno net just Wunnhaiser)
Auteuren
Bei Saachtheemen: op d'mannst 3 Artikelen a Fachpublikatiounen
Op d'mannst eng eegestänneg Publikatioun (d. h. e Buch, dat an engem Verlag erauskomm ass – net am Selbstverlag)
Bei Belletristik: op d'mannst 3 eegestänneg Publikatiounen
Laureat bei engem Literaturconcours (Nationale Literaturconcours, Servais-Präis, Batty-Weber-Präis, ...)
Ekonomen
Direkteren/Manager vu grousse Lëtzebuerger Firmen (Top 10)
Fuerscher
Member vun enger Fuerschungsgesellschaft oder enger Sektioun vum Institut grand-ducal
Dozent op enger Héichschoul/Uni
An hirem Wëssensgebitt aktiv (gewiescht) sinn a publizéiert hunn (k. u.)
Ausnamefäll vun „Hobbyfuerscher“, déi op hirem Gebitt signifikativ Entdeckungen/Sammlungen/Recherchë gemaach hunn (v.&nbap;a. 19. Jh.)
Medien
Chefredakter oder Editeur vun enger Zeitung oder engem Medium, dat Pressehëllef kritt oder eng Oplo vun iwwer 5.000 huet
Journalisten a Presentateure vun Televisiounssenderen
Radiosspeaker, déi zu de „Pionéier“ zielen oder op engem Radio mat nationaler Frequenz iwwer méi Jore reegelméisseg Sendunge maachen