Type a search term to find related articles by LIMS subject matter experts gathered from the most trusted and dynamic collaboration tools in the laboratory informatics industry.
De Pulitzer-Präis ass e prestigiéisen amerikanesche Journalisten- a Mediepräis. Fir d'Journalisten ass e sou begiert wéi den Oscar an der Filmindustrie. De Pulitzer-Präis fir Romaner an dee fir Saachbicher gehéieren zu de wichtegsten US-amerikanesche Literaturpräisser. Et gëtt ausserdeem Auszeechnunge fir Reportagen, Fotoen, Karikaturen, Theaterstécker a Museksenregistrementer.
De Präis gouf vum Journalist an Zeitungsediteur Joseph Pulitzer gestëft a gëtt zanter 1917 all Joer verginn. De Gewënner vun all Kategorie kritt, nieft der Distinctioun selwer, e Scheck vu ronn 10.000 US-Dollar.
Déi wichegst Präiskategorie ass déi fir den Déngscht un der Ëffentlechkeet, fir déi et zanter 1918 zousätlech eng Goldmedail gëtt.
Aktuell Kategorië vum Pulitzer-Präis sinn:
Journalismus
Literatur, Theater a Musek
Spezialpräis
Commons: Pulitzer-Präis – Biller, Videoen oder Audiodateien |