Type a search term to find related articles by LIMS subject matter experts gathered from the most trusted and dynamic collaboration tools in the laboratory informatics industry.
Pol Sax | |
---|---|
Gebuer |
1960 Schëffleng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Auteur, Schrëftsteller |
De Pol Sax, gebuer den 29. Januar 1960 zu Schëffleng, ass e lëtzebuergesche Schrëftsteller.
De Pol Sax huet Germanistik a Philosophie op der Universitéit vun Heidelberg an op der Université libre de Bruxelles studéiert. Duerno huet hien an der Gastronomie geschafft an huet ë. a., 1994-1996, eng Nuddelsfabrek zu Heidelberg dirigéiert. Duerno huet hien e puer Joer als Barman geschafft.
De Pol Sax lieft zanter 2001 als fräie Schrëftsteller zu Berlin. Hie schreift Literaturrezensioune fir verschidde Medien. 2008 koum säin éischte Roman, U5, eraus, deen no der Linn 5 vum Berliner Metro benannt ass.
Fir dee Roman gouf hien 2009 mam Servais-Präis ausgezeechent.