Type a search term to find related articles by LIMS subject matter experts gathered from the most trusted and dynamic collaboration tools in the laboratory informatics industry.
Lagunenniwwel | |
---|---|
Engleschen Numm | Lagoon Nebula |
Stärebild | Sagittarius (Sgr)
|
Katalogbezeechnungen | NGC 6523 M 8 Lacaille III.14 |
Rektaszensioun | 118h 03m 42s |
Deklinatioun | -24° 23' |
Equinoxe | J2000.0 |
Visuell Magnitude | 6,0m |
Distanz | 5.200 Liichtjoer |
Wénkelduerchmiesser | 45 × 30 Bouminutten |
Absolutten Duerchmiesser | ~60 Liichtjoer |
De Lagunenniwwel, och Messier 8 oder NGC 6523 bezeechnet, ass eng Struktur aus Emissiouns- a Reflexiounsniwwele mat enger Hellegkeet vu +5,00 mag an enger Wénkelausdeenung vu 45' × 30' am Stärebild Sagittarius. Hie läit op enger Distanz vu 5.200 Liichtjoer.
Den Niwwel gouf am Joer 1747 vum franséischen Astronom Guillaume Le Gentil entdeckt.
De Lagunenniwwel ass e grousst Stäregebuertsgebitt an enthält vill Globulen. Am hellsten Deel vum Niwwel ass eng Regioun, déi wéinst hirem Ausgesinn Stonneglas-Niwwel (net ze verwiessele mat dem Sandauer-Niwwel MyCn18) genannt gëtt.
Am Zentrum vum Niwwel ass de jonken oppene Stärekoup NGC 6530, deen aus dem Material vum Niwwel entstanen ass, an en elo un d'Liichte bréngt.
De Lagunenniwwel ass den zweethellste siichtbare Gasniwwel, a ka mat klengen Teleskope gesi ginn.
Commons: Lagoon Nebula – Biller, Videoen oder Audiodateien |