Type a search term to find related articles by LIMS subject matter experts gathered from the most trusted and dynamic collaboration tools in the laboratory informatics industry.
Jean Monnet | |
---|---|
Gebuertsnumm | Omer Marie Gabriel Jean Monnet |
Gebuer |
9. November 1888 Cognac |
Gestuerwen |
16. Mäerz 1979 Bazoches-sur-Guyonne |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | Collège d'Europe |
Aktivitéit | Diplomat, Ekonomist, Politiker, RIF- Resistenzler, Geschäftspersoun |
Partei | Onofhängeg |
Member vun | American Academy of Arts and Sciences |
De Jean Omer Marie Gabriel Monnet, gebuer den 9. November 1888 zu Cognac, a gestuerwen de 16. Mäerz 1979 zu Bazoches-sur-Guyonne, war e franséische Politiker. Hien huet mam Robert Schuman d'CECA lancéiert a war den éischte President vun der Héijer Autoritéit.
Seng Famill war Produzent vu Cognac. Seng Carrière huet hien doheem an der Entreprise vu sengen Elteren ugefaangen. Am Éischte Weltkrich war hien en héije Fonctionnaire an huet fir ee koordinéieren Asaz vun de Ressourcë vun den Alliéierte gesuergt. 1919 war hien un der Schafung vum Vëlkerbond bedeelegt an ass mat Missiounen a Schlesien, Éisträich, Polen a Rumänien chargéiert ginn. Am Joer 1920 gouf hie stellvertriedende Generalsekretär vun dëser internationaler Organisatioun.
Nodeem hien 1922 erëm fir kuerz Zäit am Familljebetrib war, huet hie sech erëm mat internationalen Affäre befaasst, a Frankräich, an och an den USA, wou hien un der Spëtz vun enger Bank zu San Francisco war. Duerno war hie Beroder vum chineesesche Generol Tchang Kaï-chek.
1929 huet hie seng zukünfteg Fra, d'Silvia de Bondini kenne geléiert.
Datt de Jean Monnet President vun der Héijer Autoritéit ginn ass, war keen Zoufall. Hie war am Fong de Spiritus Rector vum Schumanplang. Hien huet den deemolege franséischen Ausseminister, de Robert Schuman, och liicht vun der Noutwendegkeet iwwerzeegt, fir eng Initiativ z'ergräifen, déi et méiglech sollt maachen, fir de Sträit tëscht Frankräich an Däitschland ze begruewen an duerch d'Zesummeleeë vun de Grondstoffindustrien ënner enger internationaler Tutelle d'Kricher tëscht hinnen onméiglech ze maachen. De Robert Schuman, de Mann tëscht de Grenzen, deen sou vill ënner dem Sträit gelidden hat, war liicht heivun z'iwwerzeegen, an huet acceptéiert, fir den 9. Mee 1950 eng Deklaratioun ze maachen, déi dem Jean Monnet seng Handschrëft dréit, an déi den europäesche Kontinent grondleeënd verännert huet.
Wärend senger Zäit als President vun der Héijer Autoritéit zu Lëtzebuerg huet hien um Bricherhaff am Neiduerf gewunnt.
De Jean Monnet hat eng aussergewéinlech Perséinlechkeet. Als Riedner ass en zwar ni besonnesch opgefall, awer wat hie gesot oder geschriwwen huet hat ëmmer en déiwe Sënn. De Jean Monnet huet et verstanen, sech mat gudde Mataarbechter z'ëmginn a si ze motivéieren an z'animéieren. Hie war e Champion vun der Team-Aarbecht. Seng Iddie koumen net aus Bicher, ma en huet dem Vollek op de Mond gekuckt an déi nei Gedanken, déi en hat oder opgeraf huet, vu senge Mataarbechter verschaffe gelooss, sou laang bis se ausgefeilt an zeideg waren. Keng Stonn war him dofir ze spéit. Fir jiddweree vun hinnen zu all Stonn z'erreechen hat hie souguer en Telefon a sengem Buedzëmmer. De Jean Monnet huet nämlech weeder sech nach seng Collaborateure geschount. Wiertes a sonndes hu si missen z'erreeche sinn. D'Geschicht vum Generalsekretär, dem Max Kohnstamm, seet alles. De Max Kohnstamm, fir sech vun de Strapaze vun der Woch z'erhuelen, war eng Kéier sonndes picknicke gaangen. Wéi de Jean Monnet du sonndes net un hie koum, war hie ganz ongehalen an huet gefrot, ob hien da keng Telefonsadress zeréckgelooss hätt. Déi Zäit si bekanntlech d'Luuchten am CECA-Gebai op der Metzer Plaz ni ausgaangen.
Vum Jean Monnet gëtt et eng Rei Zitater, op déi, wéinst hirer Aussokraaft, haut nach ëmmer gär higewise gëtt, wéi:
De Jean Monnet huet ëmmer erëm gesot, dat hien näischt géint d'Lëtzebuerg hätt (Hie war souguer voll Luef iwwer d'Efforten, déi Lëtzebuerg fir d'Installatioun vun der Héijer Autoritéit gemaach huet, ma géint d'Aart a Weis wéi Lëtzebuerg no 18 Stonne Verhandlunge bezeechent gouf. Hie schreift a senge Memoire vun enger "histoire peu glorieuse. Am Zesummenhang mam Sëtz schreift hie weider:
De Jean Monnet huet ëmmer drop gedrängt, fir d'Fro vum Sëtz vun den Europäeschen Institutioune sou séier wéi méiglech ze léisen an zwar duerch d'Bezeechnung vun engem Siège unique, dee sämtlech europäesch Institutiounen abezéie géif. Dat am Kader vun engem sougenannten District fédéral. Him huet virgeschwieft, datt dësen District fédéral zu Fontainebleau bei Paräis geschaf kéint ginn.
Fir de Jean Monnet war de Schumanplang net d'Enn vu senge Beméiungen, ma nëmmen e Mëttel zum Zweck am Hibléck op d'Europäesch Vereenegung, Eng éischt grouss Enttäuschung hat hien 1954, wéi den ausgehandelte Vertrag iwwer eng Europäesch Verdeedegungsgemeinschaft an d'Bréch gaangen ass an net ratifizéiert gouf. Mat senger ganzer Kraaft huet hie sech dunn agesat, fir op enger anerer Schinn weiderzefueren, an huet op d'Schafe vun enger ëmfaassender Europäescher Wirtschaftsunioun gedrängt. Déi zweet Enttäuschung hat hien, wéi e huet misse feststellen, datt net sämtlech politesch a wirtschaftspolitesch Kreesser definitiv fir d'europäesch Iddi gewonne waren. D'Sëtzfro war och opbliwwen a gouf net a sengem Sënn geléist. Dofir ass hien den 10. Februar 1955 als President vun der Héijer Autoritéit ofgedankt, fir bei sengen Aktiounen erëm fräi Hand ze kréien. Op seng Initiativ hin ass en Aktiounskommittee fir d'Vereenegt Staate vun Europa gegrënnt ginn, dee hien och presidéiert huet. Dat ass geschitt, fir op eng militant Aart a Weis och déi Kreesser z'erfaassen an z'associéieren, déi géigeniwwer der europäescher Iddi nach gezéckt a sech zeréckgehalen hunn. Säin Zil war et och, sech fir eng definitiv Léisung vun der Sëtzfro staark ze maachen. Sengem Aktiounskommittee hu Politiker a Gewerkschaftler vun allen europäesche Länner ugehéiert. Vu Lëtzebuerger Säit waren et:
De 25. November [Wéini ?] huet säin Aktiounskommittee eng Resolutioun abruecht, déi dem Jean Monnet sengem Wonsch fir d'onmëttelbar Bestëmmung vun engem Siège unique an engem District fédéral entsprach huet. Vum Nicolas Margue ass dës Resolutioun allerdéngs net matgedroe ginn.
Jean Monnet: « Mémoires », Éditions Fayard, 1976, 642 Säiten
(Auswiel)
Lëtzebuerger a Persoune vu Lëtzebuerger Ofstamung, déi, ausser dem Robert Schuman, dem Joseph Bech an dem Albert Wehrer, och vill zum Erfolleg vum Schumanplang bäigedroen hun:
Commons: Jean Monnet – Biller, Videoen oder Audiodateien |