Type a search term to find related articles by LIMS subject matter experts gathered from the most trusted and dynamic collaboration tools in the laboratory informatics industry.
Dëse Geographiesartikel iwwer Italien ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Repubblica Italiana | |||||
| |||||
Offiziell Sprooch: | Italieenesch (regional och Däitsch, Franséisch, Ladinesch, Furlanesch a Sloweenesch) | ||||
Haaptstad: | Roum | ||||
Staatsform: | Republik | ||||
• President: | Sergio Mattarella | ||||
• Ministerpresident ("Conseilspresident"): | Mario Draghi | ||||
Fläch: | 301.338 km² (72.) | ||||
• Dovu Waasser: | 2,4 % | ||||
Bevëlkerung: | 60.674.003 (2015) (23.) | ||||
• Bevëlkerungsdicht: | 201,3/km² | ||||
Onofhängegkeet: | 17. Mäerz 1861: Vereenegung 2. Juni 1946: Republik | ||||
Nationalfeierdag: | 2. Juni | ||||
Nationalhymn: | Fratelli d'Italia - Inno di Mameli (Lauschteren) | ||||
Wärung: | Euro (EUR) | ||||
Zäitzon: | UTC +1 | ||||
Internet TLD: | .it | ||||
Internationalen Telefonsprefix: |
+39 | ||||
Regiounen an Italien |
Italien, offiziell Italieenesch Republik (ital.: Repubblica Italiana) ass e Staat a Südeuropa. Et grenzt am Norden un d'Schwäiz an un Éisträich a Slowenien, am Westen un d'Tyrrhenescht an un d'Ligurescht Mier, am Osten un d'Adria an am Nordwesten u Frankräich. Nieft dem italieenesche Festland gehéieren och d'Mëttelmierinselen Elba, Sardinien, Sizilien an eng Rëtsch méi kleng Insele wéi d'Toskanesch Inselen, Ischia, Capri an d'Liparesch Inselen zu der Republik. San Marino an d'Vatikanstad si politesch onofhängeg Enklaven um Territoire vum italieenesche Festland.
Italien ass e Grënnungsmember vun der Europäescher Unioun, a vun der NATO a gehéiert zur Grupp vun de G7-Länner.
Geographesch gesinn ënnerscheet een:
Italien ass politesch an 20 Regiounen (regioni) mat jee enger eegener Regierung agegliddert, déi awer manner Kompetenzen hu wéi d'Bundeslänner an Däitschland oder d'Kantonen an der Schwäiz. Dës Regioune bestinn aus engem Total vun 108 Provënzen, déi hirersäits erëm a Gemengen opgedeelt sinn. Fënnef Regioune profitéiere vun engem extrae Statut, deen hinne méi autonom Kompetenze gëtt (op der Lëscht mat engem Stärche markéiert):
|
Déi gréisst Stad an Italien ass d'Haaptstad Roum. Den 31. Dezember 2014 waren déi 20 italieenesch Stied mat de meeschten Awunner:
Mat 80,2 % Katholicken a 16,2 % Konfessiounslosen ass Italien e kathoulesch markéiert Land. Nëmmen 3,6 % vun den Awunner gehéieren zu anere Reliounen, dorënner 231.226 Zeie vu Jehova a 35.000 Judden.
Vun Touriste staark besicht Stied, Dierfer a Plazen:
|
Commons: Italien – Biller, Videoen oder Audiodateien |