Knowledge Base Wiki

Search for LIMS content across all our Wiki Knowledge Bases.

Type a search term to find related articles by LIMS subject matter experts gathered from the most trusted and dynamic collaboration tools in the laboratory informatics industry.

Christine Majerus
Gebuer 25. Februar 1987
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Cyclocrossfuerer
Veräin/Ekipp SD Worx
Huet matgemaach bei UCI-Kalenner 2019, UCI Women’s World Tour 2016, Internationalen UCI-Kalenner fir Dammen, Internationalen UCI-Kalenner fir Dammen 2015, Internationalen UCI-Kalenner fir Dammen 2014, Internationalen UCI-Kalenner fir Dammen 2013, Internationalen UCI-Kalenner fir Dammen 2012, Tour de France Femmes 2022, Tour de France Femmes 2023

D'Christine Majerus, gebuer de 25. Februar 1987 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng fréier lëtzebuergesch Sportlerin, déi no enger kuerzer Karrär als Liichtathleetin, Duathleetin an Triathleetin tëscht 2006 an 2024 am Vëlossport aktiv war. Den 13. Oktober 2024, mat hirer Participatioun um Simac Ladies Tour, huet si hirer sportlecher Karriär en Enn gesat.[1]

Si war dräimol Lëtzebuerger Championne - am Cyclocross, Zäitfueren a Stroossecourse -, huet de Boels Ladies Tour an de Festival Elsy Jacobs gewonnen, huet e Weltmeeschtertitel am Zäitfuere mat der Ekipp a war véiermol bei den Olympesche Spiller mat dobäi. Si gouf siwemol vun der Lëtzebuerger Sportpress zu der Lëtzebuerger Sportlerin vum Joer gewielt.[2]

Sportlech Karriär

D'Christine Majerus ass iwwer d'Liichtathleetik, den Duathlon an den Triathlon op de Cyclissem komm an ass zu Lëtzebuerg beim SaF Zéisseng lizenzéiert.

An der Saison 2007/2008 ass d'Christine Majerus fir de franséische Groupe sportif ESGL 93 - GSD Gestion gefuer. An der Coupe de France huet d'Christine Majerus d'Espoirs-Klassement gewonnen an am Scratch-Klassement (all Kategorien zesummen) eng fënneft Plaz gemaach.

Wärend deem Joer huet si hiert Studium mat zwéi Master-Diplomer a Sportwëssenschaften absolvéiert.[1]

An der Saison 2013 war se fir déi belsch Ekipp Sengers Ladies Cycling Team ënnerwee[3].

D'Christine Majerus huet Lëtzebuerg véiermol bei den Olympesche Summerspiller vertrueden: 2012 |zu London, 2016 zu Rio, 2021 zu Tokio an 2024 zu Paräis.

Nodeem si 14-mol hannerteneen (vun 2010 bis 2023) lëtzebuergesch Championne bei de Landesmeeschterschafte war, huet si op Nationalfeierdag 2024 zu Harel den Titel un d'Marie Schreiber missen ofginn[4].

Palmarès

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

2007

2008

2009

2010

2011

2012

2013

  • 1. bei de Spiller vun de klenge Länner 2013 am Zäitfueren
  • 1. bei de Spiller vun de klenge Länner 2013 an der Stroossecourse
  • 1. bei de Spiller vun de klenge Länner 2013 am Mountainbike

2014

2015

2016

2017

2018

2019

2020

2021

Kuckt och

Um Spaweck

Virdrun   Sportlerin vum Joer   Duerno
Marie Muller (2012)
Jenny Warling (2014)
2013
2015, 2016, 2017, 2018, 2019
2021
Jenny Warling (2014)


Referenzen

  1. 1,0 1,1 Chris Schleimer: "Christine Majerus - Rückblick auf eine außergewöhnliche Karriere. Teil 1: Wie große Geschichten beginnen." tageblatt.lu [€], 08.10.2024.
  2. Rich Simon: "D'Christine Majerus seet 'Äddi'." rtl.lu, 15.11.2024.
  3. Gricius, Pierre. Luxemburger Sportlerinnen bei den olympischen Spielen 1924 - 2012. Luxembourg: Conseil national des femmes, 2013. Print. S. 68-69. ISBN 978-2-9599734-5-1
  4. (de)Für entthronte Radsportkönigin Christine Majerus geht das Leben auch so weiter. wort.lu (24.06.2024). Gekuckt de(n) 24.06.2024.
  5. 5,0 5,1 Lëscht vun de Resultater vun de lëtzebuergeschen Olympioniken op der Websäit teamletzebuerg.lu