Type a search term to find related articles by LIMS subject matter experts gathered from the most trusted and dynamic collaboration tools in the laboratory informatics industry.
Dëse Geographiesartikel iwwer China ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
中华人民共和国 Zhōnghuá Rénmín Gònghéguó | |||||
| |||||
National Devise: keng | |||||
Offiziell Sprooch: | Mandarinchineesesch | ||||
Haaptstad: | Peking | ||||
• Awunner: | 1.425.887 (2022) | ||||
• Koordinaten: | 39°55'N, 116°23'E | ||||
Staatsform: | |||||
• President: | Xi Jinping | ||||
• Chef vun der Regierung: | Li Qiang | ||||
Fläch: | 9 572 900 km² (4.) | ||||
• Dovu Waasser: | 2,8 % | ||||
Bevëlkerung: | 1.411.750.000 (2022) (1.) | ||||
• Bevëlkerungsdicht: | 136,5/km² | ||||
Onofhängegkeet: | 1. Oktober 1949 (Staatsgrënnung) | ||||
Nationalfeierdag: | 1. Oktober | ||||
Nationalhymn: | Marsch vun de Fräiwëllegen | ||||
Wärung: | Renminbi (CNY) | ||||
Zäitzon: | UTC +8 | ||||
Internet TLD: | .cn | ||||
Internationalen Telefonsprefix: |
+86 |
D'Volleksrepublik China ass e Land an Asien, wat dofir bekannt ass, datt et am Moment déi gréisst Awunnerzuel vun der Welt huet. D'Haaptstad, Peking (Beijing), läit no bei der Ostküst vu China. Déi ëstlech Regioune vum Land gëllen als "special economic zones", wou d'Maartwirtschaft erlaabt a gefërdert ass. Ee ganz groussen Deel vum Land funktionéiert awer nach nom ale System: Eng Aart kommunistesch Diktatur wou (bal) alles dem Staat gehéiert.
Haaptartikel zu dësem Theema: Geschicht vu China
Wéi den Zweete Weltkrich eriwwer war, ass och de chineesesche Biergerkrich tëscht der Kommunistescher Partei vu China an dem Kuomitang sengem Enn entgéint gaangen. Dat war drop zeréckzeféieren, well d'Kommunisten dunn dat ganzt Festland kontrolléiert hunn an datt de Kuomingtan zu Taiwan, wuer e virdru geflücht war, Här a Meeschter ginn ass. Den 1. Oktober 1949 huet dunn de Mao Zedong d'Volleksrepublik China proklaméiert an e kommunistesche Staat gegrënnt. D'chineesesch Onofhängegkeet war domat erëm hiergestallt mä vill Millioune Mënsche sinn duerch déi Evenementer ëmkomm, wéi zum Beispill beim grousse Spronk no vir oder spéider bei der Kulturrevolutioun.
Nom Doud vum Mao huet den Deng Xiaoping, dee méi pragmatesch virgaangen ass, d'Heft an d'Hand geholl. D'Kommunistesch Partei ass zwar um Rudder bliwwen, mä d'Kontroll iwwer dat perséinlecht Liewe vun de Leit gouf manner staark. Um politesche Plang huet dat sech manner bemierkbar gemaach, awer d'Zentralverwaltungswirtschaft gouf Schratt fir Schratt méi labber, an de Wee no enger sozialistescher Maartwirtschaft gesicht. Dat verhënnert net, dat d'Nopere vu China an och déi westlech demokratesch Länner China weiderhin als autoritär Diktatur ugesinn.
No der Grënnung vun der Volleksrepublik, am Joer 1949, hunn a China méi oder wéineger 540 Millioune Mënsche gelieft. An den 1950er Joren ass hir Zuel, trotz niddreger Liewenserwaardung, staark gewuess. Eréischt vum Enn vun de fofzeger Joren un, huet d'Opfaassung sech duerchgesat, déi Entwécklung misst gebremst ginn. Vun do un ass lues a lues, ouni ze zécken, op Methode vun der Gebuertekontroll zeréckgegraff ginn.
No der Kulturrevolution goufen d'Mesuren am Intressi vun der Gebuertekontroll zousätzlech verstäerkt, an zwar am Intressi vun enger positiver Wirtschaftsentwécklung, déi, no chineesescher Meenung, duerch eent ze séiert Wuesse vun der Populatioun a Fro gestallt gëtt.
Hei drënner ass en Tableau mat der Entwécklung vun der chineesescher Bevëlkerung vun 1950 bis 2050. D'Zuele vun 2025 bis 2050 si geschat [1]:
|
|
Kuckt och: Lëscht vun de chineesesche Groussstied.
Daoisten (Taoisten), Buddhisten, Moslemen 1-2 %, Chrëschten 3-4 %
(Schätzung: 2002).
Bemierkung: Offiziell ginn d'Chineesen als Atheiste bezeechent.
Commons: China – Biller, Videoen oder Audiodateien |