Type a search term to find related articles by LIMS subject matter experts gathered from the most trusted and dynamic collaboration tools in the laboratory informatics industry.
Francesco Cossiga | |
---|---|
Gebuer |
26. Juli 1928 Sassari |
Gestuerwen |
17. August 2010 Roum |
Nationalitéit | Italien, Kinnekräich Italien |
Educatioun | Università Cattolica del Sacro Cuore |
Aktivitéit | Politiker, Jurist, Universitéitsprofesser |
Partei | Democrazia Cristiana |
De Francesco Cossiga, gebuer de 26. Juli 1928 zu Sassari, a gestuerwen de 17. August 2010 zu Roum, war en italieenesche Politiker.
De Francesco Cossiga huet sech fréi politesch engagéiert. Mat 17 Joer gouf hie Member vun der chrëscht-demokratescher Partei Democrazia Cristiana (DC), déi nom 2. Weltkrich e puer Joerzéngte laang stäerkste Partei an Italie war. Hien huet Droit studéiert, an nom Ofschloss dovun déi heite politsch Funktiounen ausgeübt:
Als Staatspresident huet hien nom Fall vum Eisene Rideau probéiert, den Antagonismus an Italien tëscht der kommunistescher Partei, der PCI, an op der aner Säit de DC, opzebriechen, dee joerzéngtelaang d'politscht Geschéien dominéiert a skleroséiert hat.
Nodeem d'DC duerch eng ganz Rëtsch vu Skandaler, déi an den 1990er Jore public goufen, implodéiert war, huet de Cossiga versicht, eng nei mëtt-riets Partei, d'Unione Democratica per la Repubblica (UDR) z'etabléieren. Doraus gouf awer net vill, a sou ass hien 2002 vu sengem Senatoresëtz op Liewenszäit zeréckgetrueden.
Commons: Francesco Cossiga – Biller, Videoen oder Audiodateien |