Type a search term to find related articles by LIMS subject matter experts gathered from the most trusted and dynamic collaboration tools in the laboratory informatics industry.
Edmond Reiffers | |
---|---|
Gebuertsnumm | Johann Michel Edmond Reiffers |
Gebuer |
21. November 1881 Munneref |
Gestuerwen |
30. Januar 1949 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Nottär |
Partei | Rietspartei |
Famill | |
Kanner | Jean Reiffers |
De Johann Michel Edmond Reiffers, gebuer den 21. November 1881 zu Munneref[1] a gestuerwen den 30. Januar 1949 an der Stad Lëtzebuerg[2],[3], war e lëtzebuergesche Jurist a Politiker.
Den Edmond Reiffers war Docteur en Droit an Nottär; vun 1907 bis 1922 hat hie seng Étude zu Useldeng, duerno - an dat bis 1929 - zu Déifferdeng, ir hien dunn 1930 seng Étude an der Stad Lëtzebuerg opgemaach huet.
Hie gouf de 6. November 1915 Generaldirekter (Minister) fir Finanzen a Schoulwiesen an der Regierung Loutsch. Den 22. Januar 1916 huet hie seng Demissioun agereecht[4] a gouf de 24. Januar a senger Funktioun als Generaldirekter fir Finanze vum Léon Kauffman an als dee fir Schoulwiese vum Léon Moutrier ersat.
Den Edmond Reiffers war 1920 Matgrënner vun der Spuergesellschaft Fortuna an der Versécherungsgesellschaft La Luxembourgeoise an ass Coauteur vun engem Buch iwwer d'Holdingsgesetz vun 1929.
Seng Sammlung vun Tableaue vu virun allem italieenescher Molerei aus dem 12.-16. Jh. ass haut am Nationale Geschichts- a Konschtmusée.[5]
Hie war mat der Margot Juttel bestuet.[2] Hie war de Papp vum Jean Reiffers, dee bei der Operatioun Overlord derbäi war.
n]]